Dat war Pippi L.

Dat war Pippi L.

Dat war Pippi L. – déi éischt Kanner-Fräiliichttheaterproduktioun vun der Schankemännchen asbl. Et war e grousse Succès. All eis Virstellunge waren ausverkaf, an d’An vun eise klengen a mi groussen Acteuren hu geliicht vu Begeeschterung. Vu Kéier zu Kéier hunn si sech méi getraut op der Bün. Schued dass et no 5 Virstellungen eriwwer war.

Et war eng fantastesch Ambiance am Prommenhaff, dat wärend der Virstellung mee och dono goufen sou munch Anekdoten am Häffche verzielt.

Iwwer 100 Fräiwëlleger, dëst souwuel op, mee och niewent an hannert der Bün, hunn dës Produktioun zu enger richteger Success-Story gi gelooss. E grousse Merci och un all eis Sponsoren. Ouni hier Ënnerstëtzung wier dës Produktioun net méiglech gewiescht.

Loost dës Produktioun nach eng Kéier Revue passéieren. Den Andreas Schindler huet d’Première de 17. Juli fir iech mat e puer Photoen agefaangen. (copyright Andreas Schindler)

tries