- by tries
De Vlad e klengen Vampir huet sech ofgewinnt Blutt ze drénkenan ass Vegetarier ginn. Op der Sich no Frënn begéint hien dem Almar, engem Vampir dee bleiwe wëll wéi en ass an eng spannend Geschicht fänkt un. Begleet vun Elfen, engem gudden Zauberer, enger béiser Hex a anach ganz villen anere Leit muss de Vlad sou muenches matmachen.
29 Kanner tëschent 3 an 17 Joer stinn am Januar 2017 zu Groussbus am Festsall op der Bühn fir iech dës nei Geschicht ze erzielen.
Regie: Lydie Arendt, Michèle Gleis, Nathalie Gremling, Gaby Mack
Text an Iwwersetzung: Gaby Mack
Musek: Frank Möller
Toun a Beliichtung: On Stage Light
Kostümer: Kathelijne Schaaphok, Annette Olinger
Gespillt gëtt
Freides, den 6. Januar 2017 um 19.00 Auer,
Samschdes, de 7. Januar um 19.00 Auer a
Sonndes, den 8. Januar 2017 um 16.00 Auer.
Den Entrée kascht 10 Euro fir Erwuessener an 5 Euro fir Kanner.
Dir kënnt är Plazen reservéiren
- iwwer Telefon um 671 222 224