Fir Laachen, dréckt 3 mat Tri2pattes

Di 3 komesch Kauzen vun Tri2pattes, dat sinn d’Sonja Schmitz, den Änder Thill an den Dan Theisen. Dass bei hinnen net alles ronn dréit gesäit een op den éischte Bléck. Mä éierlech, bäi wiem leeft schonn alles riicht ? Dir kennt dat dach och : méi oder manner peinlech Alldagssituatiounen, an deenen een sech ongewollt bloussgestallt spiert, an awer muss Faarf bekennen.

Hir turbulent Owender sinn en ofwiesslungsräiche Mix aus flotter Musek, Pantomime, Clownerien a lëschtege Sketcher aus der eegener Fieder. Hei kritt definitiv all Hännes Geleeënheet fir iwwert sech selwer ze laachen…. an all déi aner dierfen si dobäi freedeg ënnerstëtzen.

No hiren dräi éischten Comedy Programmer, “Une vie de merde – vu Pechvullen an anere komesche Kauzen“, “Plakeg a mat vill Gejäiz” a “Keen doheem“, hu si sech fläisseg dru gi mat schreiwen, sangen, spillen an inzeenéieren fir Iech hire neien Programm “Fir laachen, dreckt 3” ab dem Fréijoer 2024 virzestellen.

Falls Dir iech dat zoumutt! 

E flotten Owend organiséiert vun der Schankemännchen asbl zesumme mat Tri2pattes.

Ze ernimme wier dass Tri2pattes de Bënëfiss vun hieren Optrëtter integral un d’Association Mon école mon avenir asbl weidergëtt. Si hëllefen, de Kanner a Jugendlecher an den entleeënde Régiounen am Sénégal besser Schoulen a Léierbedingungen ze ginn.

Kommt also op Groussbus, an dréckt och dir d’3 fir e flotten Owend ze verbréngen an niewebäi och nach e flotte Projet ze ënnerstëtzen.

Samschdes, den 30. November 2024 um 20.00 Auer am Festsall zu Groussbus

Entrée: 20€, Jugendlech <18: 10€
Reservatioun: 671 222 224

Mir zerwéieren de ganzen Owend eng gutt Zopp. Open Bar um 19.00 Auer

Mir freeën eis op iech.



tries