
De 16. Mäerz war eis Generalversammlung. Dëst Joer hate mir där direkt 2.
Eng aussergewéinlech Generalversammlung, déi néideg war well mir eis Statuten hu missten upassen un dat neit ASBL Gesetz. Mir kruten deen néidege Quorum zesummen an déi nei Staute goufen och eestëmmeg ugeholl.
An där ordinärer Generalversammlung huet d’Presidentin Christiane Thommes du ganz vill Leit wëllkomm geheescht, éier d’Sekretärin Gaby Mack e Réckbléck op d’Aktivitéite vum Joer 2024 gemaach huet. Hei huet ee gesinn, dass ganz vill geschafft gouf, an de Schankemännchen e liewege Veräin ass. De Keessier Tom Ries huet der Generalversammlung dunn e Rapport gemaach wéi et um finanzielle Plang ëm de Veräi steet. Den Héichpunkt war awer sécher dunn de Startschoss vum Jemp Schuster, eisem artisteschen Direkter fir eisen neie Fräiliichtspektakel “Bei der Däiwel”. Heen huet d’Stéck kuerz virgestallt, an dono goufen d’Rollebicher verdeelt.
Mir konnten och Vertrieder vun der Associatioun AMVA begréissen. D’AMVA ass eng Organisatioun déi et sech zum Ziel gemaach huet d’Mobilitéit an d’sozial Integratioun vu blannen a séibehënnerte Leit ze verbesseren. (www.amva.lu). D’Presidentin Pascale Link huet eis e ganz intressante Bericht gemaach iwwer déi sëllegen Aktivitéiten déi d’Associatioun huet, an awer och Besoin’en opgezielt, déi et nach ëmmer ginn. Mir waren houfreg der AMVA e Scheck vun 1.000 Euro konnten ze iwwerreechen.