4. grousse Fräiliichtspektakel vum 16. bis den 30. Juli 1999
Et geet dës Kéier em den 30 jährige Krich, méi präzis ëm dat Geckegt Joer.
An deem Joer waren, de Chronisten no, all Regelen a gesellschaftlech Barriären opgehuewen. Fir nach kënnen ze iwwerliewen hunn d’Leit, déi hir Haiser wéinst deene bestännigen Iwwerfäll hu misste verloossen, dat Bescht äus der Situatioun gemeet. Ouni op Stänn oder Alter, op biergerlech, adeleg oder geeschtlech Wuerzelen opzepassen, hunn se sech zesumme fonnt, sech duurjernee bestuet a gekummert, mat engem eenzigen Zil : iergendwéi iwwerliewen an äus deem ganze Schlamassel eräuskommen.
Zur selweschter Zäit sinn et awer och Leit ginn, déi sech mat de Krichshären arrangéiert haten, an hire Profit äus deem Krich gezunn hunn.
Tëschent 1640 a 1650, also um Enn vum Krich, baut de Peter Jolliot zu Bus e Schlass. Wéi war dat an esou enger onsëcherer Zäit iwwerhaapt méiglech?
Ee liewegt Stéck vum Jemp Schuster, äus geschichtlecher Wouerecht an e bëssen Theaterfiktioun, wéi mer dat scho bei deenen dräi virechte Produktioune vum Schankemännche gewinnt waren.
Text a Regie: Jemp Schuster
Assistenz: Christiane Thommes