De Kinnek UBU (2022)

De Kinnek UBU (2022)

De Schankmännchen asbl bréngt dem Alfred Jarry säi Klassiker “Ubu Roi” zu Groussbus op d’Fräiliichtbün. Gespillt gëtt den 21., 22., 23., 26., 27., 28., 29. an 30. Juli 2022 zu Groussbus am Prommenhaff vun 21.00 Auer un. :

 

De franséischen Auteur Alfred Jarry (1873-1907) huet am Joer 1896 den UBU ROI geschriwwen. Haut gëllt dat Theaterstéck allgemeng als den Ursprong vum absurden Theater. Et war zu där Zäit e Skandalstéck, well et mat alle Konventiounen, sief et formal, inhaltlech oder sproochlech gebrach huet.

Dem Alfred Jarry säin „Ubu Roi“ ass am Joer 1896 fir d’éischt opgefouert ginn. Dem Jemp Schuster säi „Kinnek Ubu“, deen sech um Jarry senger Virlag inspiréiert huet, ass haut leider méi aktuell wéi virun 126 Joer. Dee brutalen an hemmungslosen Ubu ass keng Fiktioun méi, en ass batter Realitéit ginn. Iwwerall krauchen déi nei Ubuen aus hire Lächer a stierzen d’Welt an de Chaos.

Am Theater kënne mir déi Diktatoren nëmme mat Lächerlechkeet strofen. D’Satir an den Humor sinn eis Waffen, mat deene mer géint déi aktuell Mëssstänn sollen a mussen untrieden. Mir kënnen domat d’Welt net retten, et ass nawell wichteg, äis net einfach esou dran ze erginn.

Trotzdeem ass de „Kinnek Ubu“ keen Trauerspill, et ass e verréckte Spektakel, deen all Grenze sprengt an äis aluet, an dësen Zäiten optimistesch no vir ze kucken an äis erëm selwer ze fannen, soss gi mer äis an eise Léifste verluer.