…sou huet d’Kannerproduktioun vum Schankemännchen geheescht di vum 28. bis den 30. Dezember 2018 zu Groussbus opgefouert gouf. E puer Wuert zur Geschicht…
Do ass eng Band Kanner, déi hunn eng komme gelooss. Als Strof ginn se vun engem strenge Riichter derzou verdonnert, en ale Späicher ze raumen. Kanner um Geriicht ! Wou gëtt et dann esou eppes ? Keng Angscht, mir sinn am Theater !
Wann dee verstëbste Spächer am Ufank onheemlech an dreckeg ass, da verwandelt e sech no an no an eng Fantasiewelt. Wéi seet de Mann, deem de Späicher gehéiert : Hei uewe si vill Geschichten a vill Dreem verstoppt.
Awer wou ass de Schatz vu Stëbsebuerg ? A wat ass dat fir e Schatz ? Dat gëtt een alles gewuer, wann een zesumme mat der Theaterekipp vum « Schankemännchen » op déi fantastesch Rees geet.
- Dezember 2018 ëm 19 Auer
- Dezember 2018 ëm 16 Auer
- Dezember 2018 ëm 16 Auer
Produktioun : De Schankemännchen asbl
Regie a Konzept : Lydie Arendt, Dominique Engeldinger, Michèle Gleis, Nathalie Gremling, Gaby Mack
Text, Iwwersetzung an Adaptatioun : Jemp Schuster
Musek : Frank Möller
Toun a Beliichtung : On Stage Light
Kostümer : Dominique Engeldinger, Annette Olinger
Fir grouss a kleng Kanner vu 4 bis 99 Joer