Pinocchio (2023)

Pinocchio (2023)

De Pinocchio vum Carlo Collodi ass eng al Geschicht, ëm d’Joer 1880 an Italien entstanen. Kënne mer haut, wou jidderee mat sengem Handy um Ouer dorëmmer leeft, nach eppes mat enger klenger Holzpopp ufänken? Dat probéiert de Kannertheater vum Schankemännchen erauszefannen. Wat gëtt et Schéineres, wéi sech am Theater an eng Fantasiewelt entféieren ze loossen!

De Pinocchio fält dem Schräinermeeschter Geppetto souzesoen an de Schouss. Déi hëlze Popp gëtt lieweg. De Pinocchio ass keen, dee brav um Stull sëtzebleift. Hien ass iwwerzeegt, datt en alles kann. Op sengem Wee, vun der Popp zum Mënschekand, muss e Léiergeld bezuelen.

E gëtt Artist am Zirkus, e soll d’Hénger um Bauerenhaff hidden, e begéint dem schlamme Fuuss an dem blanne Kueder, déi en iwwert d’Ouer haen. Wann e guer net méi aus an a weess, da kënnt d’Fee mat de bloen Hoer him hëllefen. Se weist em de Wee bei d’Mier, wou den Geppetto op e waart. Do schwëmmt awer nëmmen e grousse Wal.

Dee wäert säi Papp dach net ofgeschléckt hunn?! Elo muss de Pinocchio all säi Courage zesummenhuelen.

Gepillt gouf de 14. a 15. Abrëll um 19.00 Auer an de 16. Abrëll um 16.00 Auer all Kéiers zu Groussbus am Festsall !